Podcaster
Episoden
13.03.2020
25 Minuten
An der Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport tëscht 12 an
13 Auer war d'Presidentin vun der Lasep d'Invitée beim Franky
Hippert.
Mehr
12.03.2020
25 Minuten
Léierin war se an engem éischte Beruffsliewen, mä dobäi huet se och
de Gesank entdeckt.
Haut ass d’Mariette Lentz a béide Funktiounen aktiv: als
Sopranistin op de Musekbünen an als Gesanksproff am Conservatoire
zu Ettelbréck. Ëmmer erëm begeeschtert se sech awer och fir
besonnesch Projeten. Een esou e Projet heescht „Radio Days“ a
beschäftegt sech mat dem Radio a senger Musek an de Joren tëscht
1930 an 1955. Ausserdeem trëtt se mam Ensembel Kammerata Luxembourg
op.
Mehr
11.03.2020
21 Minuten
En Interview mam President vun de Privatwënzer.
E Mëttwoch an der Mëttesstonn gi mer alles iwwert d'Aarbecht an de
Lëtzebuerger Wéngerte gewuer. Viru 40 Joer huet den Här Schumacher
als Wënzer ugefaangen a vun deemools bis haut huet sech nawell vill
geännert. Vum Schneide vun de Riewen, iwwer d'Sprëtze bis hin zum
Ëmgank mat den Drauwen.
Wéi vill Zäit muss een am Joer investéieren, wat sinn d'Suerge vun
de Privatwënzer a wéi gi si mam Klimawandel ëm? Den Expert verréit
eis donieft wourunner mer e gudde Wäin erkennen.
Mehr
10.03.2020
21 Minuten
D'Finaliste si fonnt an der Success Story op RTL Tëlee Lëtzebuerg
an elo stinn d'Challengen an d'Haus.
Mehr
09.03.2020
30 Minuten
20 Joer laang war d'Marie-Josée Jacobs an der Regierung, elo ass si
virun allem benevole fir d'Caritas sozial engagéiert.
D'Marie-Josée Jacobs ass och no hirem Depart als Ministesch viru 7
Joer nach ëmmer aktiv a steet mat Häerzblutt fir "Causen" an, déi
Hir wichteg sinn.
D'CSV-Politikerin ass Invitée vum Roy Grotz an der Mëttesstonn, wou
mer op eng Panoplie vu Sujeten aginn, nieft der Aarbecht fir
d'Caritas natierlech eng vue op d'aktuell Politik an d'Racinne vun
der Madamm Jacobs am Éislek.
D'Invitée am Gespréich um Méindeg op RTL Radio Lëtzebuerg ass
d'Marie-Josée Jacobs, live an Toun a Bild natierlech och op RTL.lu.
Mehr
Über diesen Podcast
Ee Gespréich mat engem Invité aus alle Beräicher vum Liewen zu
Lëtzebuerg
Kommentare (0)