Angscht a Schrecken mat engem Wupp

Angscht a Schrecken mat engem Wupp

vor 12 Jahren
4 Minuten
0
0 0 0
Podcast
Podcaster
eng Rees an d'Häerz vum lëtzebuergeschen Alpdram

Beschreibung

vor 12 Jahren
"Een Thü ... ah nee, dat heescht jo elo "Lëtzebuerger
Grillwurscht", seet eng Fra, a mir grinse just a soen "Mir wësse
jo, wat gemengt ass." De Lëtzebuerger u sech huet déi Geschicht mam
Thüringer nach net ganz verdaut, well weder "Lëtzringer" nach
"Lëtzebuerger Grillwurscht" sech immens gutt soen. An méi
Kreativitéit kann ee Leit, déi "hier" Wurscht geklaut kruten, och
net wierklech zoumudden. An esou Momenter kann ee bal verstoen, dat
sech vill Leit iwwert d'EU-Bürokratie opreegen. Déi kéint deenen
"beklauten" Länner, déi hier Wurschten op ee mol net méi esou
nennen dierfe wéi virdru jo een alternativen Numm erfannen. Dat
géif den Euroskeptizismus vläicht ëm e puer Prozentpunkten erof
drécke …
15
15
Close