Podcaster
Episoden
16.06.2022
33 Minuten
De Max an den Dani hu sech e bësse Luxus gegënnt an eng kreativ
Paus ageluecht. Ma mat der neier Episod ass déi dann elo och
offiziell eriwwer. Allenzwee hunn se d’Zäit ee bësse genotzt fir
sech selwer ze verwierklechen. Erauskomm ass dobäi
selbstverständlech näischt. Ma an deene vergaangen Deeg ass
allerdéngs relativ vill passéiert, wat déi Zwee dann an dëser
Episod revu passéiere loossen an dat natierlech op déi gewinnten,
lëschteg an net alt ze serieux Aart a Weis. Vill Spaass beim
lauschteren.
Mehr
28.04.2022
46 Minuten
Vue, dass dëst Episod scho mëttlerweil déi zwanzegst ass, hunn de
Max an den Dani ee ganz grousse Gaascht an de Podcast geholl an
zwar soss keen anert wéi d’Jil Devresse. Eng lëtzebuergesch
Schauspillerin déi der héchstwarscheinlech alleguerte kennt an zwar
aus der éischter Staffel vu "Capitani". D'Jil huet do nämlech
d’Roll vum Jenny Engel gespillt. Wéi et am Liewe vun der jonker
Schauspillerin ausgesäit, wéi et zu deem Beruff komm ass a wat an
Zukunft ze erwaarden ass gëtt et alles an dëser Episod.
Mehr
21.04.2022
42 Minuten
Nodeems de Max an den Dani an der leschter Episod mam Evelyna
Exclusiv iwwert d'Liewen als Eskort-Damm hei zu Lëtzebuerg geschwat
hunn, huet d'Evelyna deenen zwee och gezielt, dass den Daniel aus
der "Daniel's Kitchen Show", säi beschte Kolleeg ass. Natierlech
hunn de Max an den Dani sech déi Geleeënheet net entgoe gelooss an
se allen zwee an de Podcast invitéiert.
Mehr
30.03.2022
37 Minuten
De Max an den Dani halen hier Verspriechen. Bei der leschter Episod
war den Invité leider kuerzfristeg ofgesprongen esou, dass et elo
fir dës Episod dann awer geklappt huet. Op Besuch am Studio haten
de Max an den Dani soss keen anere wéi d’Evelyna Exclusiv, eng Damm
aus der Erotik-Branche. Déi dräi hunn iwwert alles geschwat wat et
esou ze schwätze gëtt a kloer gemaach, dass jiddereen esou ka si
wéi e wëll, ouni sech vun anere Leit domm Remarke musse gefalen ze
loossen.
Mehr
10.03.2022
21 Minuten
De Max an den Dani melle sech mat enger neier Episod zeréck.
Allerdéngs ass déi ganz anescht verlaf wéi dat geplangt war. Um
Planning stoung ee Special-Guest, dee leier kuerzfristeg huet
missten ofsoen. Wat natierlech mat sech bréngt, dass déi zwee nees
dat hu misste maache wat se am beschte kënnen, nämlech
improviséieren. Wat an dësem Fall zu zwou ganz delikaten
Diskussioun gefouert huet.
Mehr
Über diesen Podcast
Hautdesdaags probéiert iergendwéi quasi jiddereen, sech no
baussen esou perfekt a feelerfräi ewéi méiglech ze weisen.
D’Gesellschaft erlaabt dacks keng Feeler, obwuel d’Perfektioun net
vun dëser Welt ass. Eng Approche déi vill Leit dozou bréngt sech
bewosst oder onbewosst ze verstellen an deemno och onglécklech ze
sinn, well bannendran si mer dach alleguer primitiv. Déi eng méi,
déi aner manner. A genau déi Primitivitéit loossen de Max an den
Dani am Podcast eraus. Themen déi am Alldag fir Gespréich suergen,
gräifen déi zwee op an thematiséieren déi op hir eegen Aart a Weis
mat vill Witz a Gegecks. Déi zwee si Kapp an Aarsch, woubäi nach
net kloer ass wien de Kapp ass. Dat bréngt mat sech, dass se vill
zesummen erliewen, virun allem komesch an aussergewéinlech
Situatiounen an déi se sech deemno och selwer era manövréieren.
Alles dat erwaart iech am Podcast Intensiv Primitiv. All éischten
Donneschden am Mount kënnt eng nei Episod eraus.
Kommentare (0)