Michèle Sinner: Um Enn vum Tunnel vun der Logementskris ass genuch Luucht, fir d’Horoskop ze liesen, 17/12/2024

Michèle Sinner: Um Enn vum Tunnel vun der Logementskris ass genuch Luucht, fir d’Horoskop ze liesen, 17/12/2024

Beschreibung

vor 1 Jahr
Uganks des Mounts hat de Logementsminister Claude Meisch an der
Chamber festgestallt, datt d’Aktivitéit um Immobiliëmarché nees
zougeholl huet, wat existéierend Wunnengen an Haiser ugeet, ma et
bei de Vefaen, also den neie Wunnengen, déi op Plang verkaf ginn,
nach ëmmer lues géing dréinen. Dat trotz de ville Mesuren, wéi dem
bëllegen Akt fir Investisseuren, der extra niddreger Besteierung op
de Plus-valuen, dem Amortissement acceleré an den hallwen
Enregistrementskäschten, déi d’Regierung agefouert huet, fir datt
privat Investisseure sollen nei Locatiounswunnenge kafen a sou de
Bausecteur reaniméieren. Do gëtt et am Fong just
eng Conclusioun, mengt d’Michèle Sinner a sengem Kommentar.

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15