Podcaster
Episoden
23.01.2026
1 Stunde 38 Minuten
Dass d’Logementssituatioun zu Lëtzebuerg net déi beschten ass,
ass keng erstaunlech Neiegkeet. Dass Wunnalternativen awer just
schwéier Fouss ze faasse schéngen, ass dogéint awer scho
befriemlech.
An dësem Moment misst et nämlech grad sou sinn, dass aner
Wunnformen ënnert d’Äerm gegraff kréien, fir sou zu enger
Entspanung um Wunnmarché ze féieren a fir Alternativen zur
„normaler“ Eenzelwunneng oder dem Eegenheem méi bekannt ze
maachen.
Gemeinschaftlecht oder alternatiivt Wunnen huet nämlech eng
sëllege Virdeeler an ass eng produktiv a proaktiv Äntwert op dës
Zäit, wou Raum a Ressourcë knapps ginn.
Impuls: Antoine Paccoud (LISER), op Franséisch
Um Podium: Marthy Anne Becker (Beienhaus asbl), Gary Diderich
(LIFE asbl | de WG Projet), Céline Zimmer (Architektin a
Fuerscherin)
Moderatioun: Nora Schleich
Produktioun an Intro: Yannick Fella
Mehr
10.12.2025
1 Stunde 38 Minuten
Stereotypesch Representatioune vu Mann a Fra ginn et scho laang.
Mee wärend hartnäckeg dru geschafft gëtt, mat Klischeeën
opzeraumen a Gläichberechtegung liefbar ze maachen, fënnt online
e ganz anere Kampf statt. An dëser Table Ronde hu mir eis mat
toxesch Genderrepresentatiounen am Internet beschäftegt. Et goung
ëm Analys, kritescht Denken, praktesch Hëllef a Präventioun.
Um Dësch soutzen:
· d’Esin Göksoy vum CID | Fraen an Gender
· den Alex Carneiro vun infoMann
· d’Karin Weyer vu respect.lu
· d’Charlotte Pull vum ZEV | Zenter fir exzessiivt Verhalen a
Verhalenssucht.
· Moderatioun: Nora Schleich (EwB)
Den Owend huet a Kooperatioun mam CID | Fraen an Gender,
infoMann, respect.lu an dem ZEV stattfonnt. Mat der Ënnerstëtzung
vun der Œuvre Nationale.
Produktioun an Intro: Yannick Fella
Mehr
29.10.2025
1 Stunde 29 Minuten
Krankheet? Doud? Stierwen? – Dat si keng Themen, iwwer déi een
onbeschwéiert schwätzt. Heiansdo këmmert een sech och léiwer net
ze vill dorëm. Mee et kommen awer Momenter am Liewen, do ass et
onëmgänglech. Vläicht gëtt een, deen eis nosteet, ee
Familljemember, schwéier krank, vläicht mir selwer, a wéi kann
een dann déi lescht Momenter am Liewe gestalten, sou dass
Autonomie a Würd vum Mënsch beuecht ginn?
Iwwert dës a vill weider Froen hunn diskutéiert: de
Palliativmediziner Dr. Bernard Thill, d’Nicole Weis (Directrice
Omega90), d’Martina Thill (Psychologin Omega90) an de Roland
Kolber (Mäi Wëlle Mäi Wee). Moderéiert huet d'Nora Schleich
(EwB).
Produktioun an Intro: Yannick Fella
Mehr
24.09.2025
1 Stunde 31 Minuten
Für Immanuel Kant war Autonomie Ausdruck der „Freiheit zur
Pflicht“. Wir meinen heute mit Autonomie eher die Möglichkeit zu
selbstbestimmtem Handeln, das frei von allen Verpflichtungen ist.
Gleichzeitig sind wir von immer mehr Systemen umgeben, die
ihrerseits „autonom“ handeln: Netzwerke, Autos, Waffensysteme …
Wie verändern sich menschliche Freiheit und Selbstbestimmung in
Zeiten Künstlicher Intelligenz?
Es diskutieren: Prof. Karoline Reinhardt und Marie Hirsch (Uni
Passau), Dr. Margit Ruffing (Geschäftsführerin der
Kant-Forschungsstelle)
Moderation: Nora Schleich
Organisation: Dekanat Wiesbaden, zusammen mit der
Kant-Gesellschaft und der EwB
Produktion und Intro: Yannick Fella
Mehr
27.08.2025
2 Stunden 4 Minuten
De Problem vun der Gynekologescher Gewalt an der Gewalt wärend
der Gebuert betrëfft eng Abberzuel u Persounen, déi sech a
Momenter vun extremer Vulnerabilitéit engem onwierdegen Ëmgang
ausgesat gespuert hunn, souguer Gewalt oder aner Muechtmëssbräich
ausgeliwwert waren.
Dës Table Ronde huet gewisen, dass et sech hei em e ganz prekäre
Sujet handelt, deen nach vill Gespréichsbedarf opweist an e Raum
dofir brauch. Dëst Gespréich war en éischte Schratt.
Un der Table Ronde hunn deelgeholl: d'Laura Hendriks (Sexologin),
d'Natascha Bisbis (Doula), d'Yolande Klein (ASFL) an den Dr. Marc
Peiffer (Gynekolog, SLGO). Moderéiert huet d'Nora Schleich.
Produktioun an Intro: Yannick Fella
Mehr
Über diesen Podcast
Die EwB ist ein Bildungsort in Luxemburg. Wir veranstalten
regelmäßig Diskussionsrunden zu gesellschaftlichen und
philosophischen Themen. Hier bekommt ihr sie zu hören!
Mehr zu unserem Programm findet ihr auf unserer Website: ewb.lu
Kommentare (0)