Tabu Thema: Toxesch Genderrepresentatiounen Online

Tabu Thema: Toxesch Genderrepresentatiounen Online

vor 4 Monaten
1 Stunde 38 Minuten
0
0 0

Beschreibung

vor 4 Monaten

Stereotypesch Representatioune vu Mann a Fra ginn et scho laang.
Mee wärend hartnäckeg dru geschafft gëtt, mat Klischeeën
opzeraumen a Gläichberechtegung liefbar ze maachen, fënnt online
e ganz anere Kampf statt. An dëser Table Ronde hu mir eis mat
toxesch Genderrepresentatiounen am Internet beschäftegt. Et goung
ëm Analys, kritescht Denken, praktesch Hëllef a Präventioun.


Um Dësch soutzen:


· d’Esin Göksoy vum CID | Fraen an Gender


· den Alex Carneiro vun infoMann


· d’Karin Weyer vu respect.lu


· d’Charlotte Pull vum ZEV | Zenter fir exzessiivt Verhalen a
Verhalenssucht.


· Moderatioun: Nora Schleich (EwB)


Den Owend huet a Kooperatioun mam CID | Fraen an Gender,
infoMann, respect.lu an dem ZEV stattfonnt. Mat der Ënnerstëtzung
vun der Œuvre Nationale.


Produktioun an Intro: Yannick Fella
15
15
Close