Logement zu Lëtzebuerg – What else?

Logement zu Lëtzebuerg – What else?

vor 2 Monaten
1 Stunde 38 Minuten
0
0 0

Beschreibung

vor 2 Monaten

Dass d’Logementssituatioun zu Lëtzebuerg net déi beschten ass,
ass keng erstaunlech Neiegkeet. Dass Wunnalternativen awer just
schwéier Fouss ze faasse schéngen, ass dogéint awer scho
befriemlech.


An dësem Moment misst et nämlech grad sou sinn, dass aner
Wunnformen ënnert d’Äerm gegraff kréien, fir sou zu enger
Entspanung um Wunnmarché ze féieren a fir Alternativen zur
„normaler“ Eenzelwunneng oder dem Eegenheem méi bekannt ze
maachen.


Gemeinschaftlecht oder alternatiivt Wunnen huet nämlech eng
sëllege Virdeeler an ass eng produktiv a proaktiv Äntwert op dës
Zäit, wou Raum a Ressourcë knapps ginn.


Impuls: Antoine Paccoud (LISER), op Franséisch


Um Podium: Marthy Anne Becker (Beienhaus asbl), Gary Diderich
(LIFE asbl | de WG Projet), Céline Zimmer (Architektin a
Fuerscherin)


Moderatioun: Nora Schleich


Produktioun an Intro: Yannick Fella
15
15
Close