Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub

Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub

55 Minuten

Beschreibung

vor 1 Woche

Wéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn ass

Och wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a
punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am
aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an
Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am
Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen.

Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem
Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad
Déifferdeng.

Eis „Minett-Location“ vum Mount : 1535° - Creative
Hub

De 1535° ass haut eng Kreativfabrik an där jonk Kënschtler a jonk
Entreprisen ënnerkomme kënnen, déi fir de Start an hir
professionnel Carrière Raimlechkeete brauchen. Nieft de
konventionelle Büroe sinn hei awer Proufsäll fir Bands an en
Tounstudio, esou wéi eng Hal an där ee Videoproduktioune
realiséiere kann ze fannen.

Eise Gaascht: Philippe Ernzer

De Philippe Ernzer, Joergang 1998, ass de Grënner vum private
Lëtzebuergesche Wiederdéngscht „Météo Boulaide“. Schonn als Kand
wousst de Philippe sech fir d’Wieder an d’Meteorologie ze
begeeschteren an no sengem schoulesche Parcours konzentréiert hie
sech voll a ganz op den Opbau vu senger eegener Societéit a
sengem eegene Wiederdéngscht.

Wat als Hobby ugefaangen huet, huet de Philippe am Laf vun de
Joren zu enger bekannter Perséinlechkeet an de sozialen
Netzwierker an duerno och an de Lëtzebuerger Medie gemaach. Haut
presentéiert hien eng reegelméisseg Chronik um Radio 100,7 a
liwwert der Dageszeitung Tageblatt deeglech
Wiederprevisiounen.

Wéi de Philippe aus sengem Hobby säi Beruff gemaach huet ass ee
Sujet vum Minett Mash-Up vun dësem Mount. Wéi eng Schwieregkeeten
et dobäi gouf, wéi eng Ziler de jonken Entrepreneur fir d’Zukunft
huet a wéi eng Wollek de Philippe gäre wier, wann hien eng Wollek
kéint sinn, da sinn aner Sujeten am aktuellen Episod.

Méi Infos hei!


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: