Episod 20: Best of 2023 & Industriekultur-CNCI

Episod 20: Best of 2023 & Industriekultur-CNCI

50 Minuten

Beschreibung

vor 4 Monaten

Kontaktéiert eis


Fir den Ofschloss vum Joer kucke mer zeréck op eis Highlighte vum
Joer a proposéieren Iech e puer kuerz Extraiten aus där enger
oder anerer Episod vum Minetter Wanderpodcast. Mär kucken awer
och no vir op 2024, wou déi nei Ekipp vum IK-CNCI, déi Där an
dësem Episod vum Minett Mash-Up komplett kenneléiert, eis am
Roulement duerch dat industriellt Ierwe vum Minett an der
Groussregioun wäert féieren.


Eis Gäscht: D’Ekipp vum Ik-CNCI


Nodeems d’Laurie am Fréijoer op London geplënnert ass an d’Jenny
am Summer en neie beruffleche Challenge ugefaangen huet, huet
d’Ekipp vum IK-CNCI am Laf vun dësem Joer komplett changéiert. Se
ass och gewuess. Ewell schaffe 5 Persoune fir de Centre National
de la Culture Industrielle.


An der zweeter Hallschent vum Episod kënnt Dir d’Anna,
d’Delphine, d’Loréna, d’Maria an de Pascal kenneléieren an nieft
den neie Mataarbechter/inne vum IK-CNCI war awer och d’Jenny op
Besuch. Mam Jenny hu mer virun allem op 2023 zeréck gekuckt.
D'Laurie konnt leider net vu London erofkommen, fir bei eisem
Réckbléck op d'Joer 2023 dobäi ze sinn.






De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: