Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

Episod 22: Peter Backes & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

54 Minuten

Beschreibung

vor 2 Monaten

Kontaktéiert eis


Sprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige Episode

Dëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an
dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als
Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä
verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch,
mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert
op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den
aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen opgeholl ginn.


Eis „Minett-Location“ vum Mount: UNESCO Weltkulturerbe Völklinger
Hütte


1986 huet d’Schmelz zu Völklingen, no iwwer 100 Joer Betrib,
d’Héichiewen ausgeblosen. De Betrib, mat senge 6 éischter klengen
Héichiewen, war einfach net méi rentabel. Vun Ufank u sollt dëse
Site awer als Denkmal fir déi industriell Entwécklung vum
Saarland erhale ginn.


Nëmmen 8 Joer huet et gedauert fir och d’UNESCO vun der Iddi
z’iwwerzeegen dës Schmelz, déi bis haut komplett, also mat all
hire Bestanddeeler, erhalen ass, op d’Lëscht vum Weltkulturierwen
ze setzen. D’Völklinger Hütte war virun 30 Joer déi éischt
Industrieanlag, déi vun der UNESCO ënner Schutz gestallt gouf.
Zënter hir ass vill zu Völklingen geschitt an déi fréier Schmelz
ass zu enger renomméierter Plaz fir grouss Ausstellunge ginn, mä
och d’Schmelz selwer, mat hiren diverse Produktiounsschrëtt ass
fir de Public zougänglech an der Wäert eng Kéier besicht ze ginn.


 Eis Gäscht: Peter Backes & Jörg Pütz


De Peter Backes begleet de Site vun der Völklinger Hütte zënter
1986, wou hien nach am Kulturministère vum Saarland geschafft
huet. Relativ séier ass hien an d’Bedreiwergesellschaft vum
Weltkulturerbe gewiesselt, wou hie fir de Besuchermanagement
zoustänneg war.


Zënter 2019 ass de Peter Backes an der Pensioun. Hien ass awer
nach ëmmer Guide op der Völklinger Hütte an engagéierte Member am
Netzwierk ERIH 'European Route of Industrial Heritage', iwwert
dat an dësem Episod vum Podcast och riets geet.


De Jörg Pütz ass e gebiertege Völklinger a mat senger „Schmelz“
opgewuess. Zënter iwwer 30 Joer ass hien als Fotograf ënnerwee.
De Jörg verzielt an dësem Episod vum Podcast iwwert seng Kandheet
a Jugend mat der Schmelz, iwwert säi Beruff als Fotograf a
verréit eis seng Connectioun zum Bauhaus.


Nach méi Informatiounen a méi Links sinn hei disponibel. 


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: