Episod 23: Rudolf Noben X 4MH

Episod 23: Rudolf Noben X 4MH

40 Minuten

Beschreibung

vor 1 Monat

Vu Sammler, Schmuggler a Stongen

Thematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an
duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no
Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte
Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng
wieder Première.

Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont
St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an
deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäerz ofgelagert gouf an dee
sech jo an de Süde vu Lëtzebuerg erstreckt a vun deem eist Land
no 1870 profitéiert hat fir sech z’industrialiséieren. Dat ass
awer och am Süde vun der Province de Luxembourg geschitt.

An der Gemeng Musson gouf et, bis an d‘1970er Joren, zwou Minnen
an deene Minett ofgebaut ginn ass. Un dësen Deel vun der belscher
Industriegesicht erënnert haut e Musée, deen am Abrëll 2023 seng
Diren opgemaach huet.

Eis Minett-Location vum Mount : Musée Minier et
Métallurgique de Musson/Halazany
Dëse Musée, mat enger Surface vu ronn 1000
Quadratmeter presentéiert eng grouss Sammlung vu Géigestänn, déi
fréier vun de Mineuren an de ronn 60 Kilometer Galerien un der
belsch-franséischer Grenz benotzt goufen.

D’Kollektioun vum Musée ass komplett a bitt dem Visiteur en
detailléierten Abléck an d’Liewe vun de Mineuren.

Eise Gaascht: Rudolf Noben

De Rudolf Noben ass de Präsident vun der Asbl hannert dem 4MH. Et
war, wéi hien eis am Gespréich verréit, d'Sammelleidenschaft vu
sengem Papp a seng eegen, déi ugefaangen huet, wou hie selwer
nach e Bouf war, déi et erméiglecht hunn de Musée
opzebauen.

An dësem Episod vum Podcast geet et ëm de Rudolf, deen u sech
Kach ass, seng Kandheet an direkter Noperschaft vun de Minnen un
der belsch-franséischer Grenz an ëm d'Schwieregkeeten, déi eng
Asbl wéi de Minnemusée vu Musson am deegleche Fonctionnement
huet.

Hei fannt Dir all d'Links bei d’Sujete vun dësem Episod.



De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: