Episod 19: Mirka Costanzi X Naturschutzzenter Ellergronn

Episod 19: Mirka Costanzi X Naturschutzzenter Ellergronn

52 Minuten

Beschreibung

vor 5 Monaten

Kontaktéiert eis


Legenden, Theater, Pedagogik a Mermaids


Dës Kéier wollte mer eisen Episod eigentlech an der Kabaischen
„Pump It Up“, déi um Territoire vun der Stad Esch fir de Minett
Trail opgeriicht gouf, ophuelen. Well d’Kabaischen am Moment awer
Ament net zougänglech ass, hu mer eis Opnam kuerzfristeg misse
réckelen. Dofir hu mir eise Gaascht einfach an der permanenter
Ausstellung "Transition Now" am Naturschutzzenter Ellergronn
begréisst. D’Expo ass just e puer Meter ewech vun der Kabaischen
an de Raimlechkeete vun der fréierer Minn Cockerill ënnerbruecht.


An dësem Episod vun eisem Wanderpodcast léiere mir d'Mirka
Costanzi kennen. D'Mirka war de kreative Kapp hannert dem
Esch2022-Projet "De roude Fuedem duerch de roude Buedem", deen a
6 vun den 11 Gemengen aus der Minett UNESCO Biosphere
organiséiert gouf an och nom Enn vum Kulturjoer weider Bestand
huet.


Eise Gaascht: Mirka Costanzi


D'Mirka Costanzi ass studéiert Theaterpedagogin a schafft am
Centre culturel "Rotondes". Si ass och am Kënschtlerkollektiv
"Maskénada" engagéiert, mat deem si regelméisseg kulturell
Evenementer op aussergewéinleche Plazen organiséiert. Maskénada
war och un der Ëmsetzung vum Mirka senger Iddi fir de Projet "De
roude Fuedem duerch de roude Buedem" bedeelegt, an deem d'Mirka
ale Seechen a Legende vu staarke Fraen aus eiser Regioun en neit
a digitaalt Liewe geschenkt huet.


Dës Legende waren natierlech en Thema an eisem Gespréich. Mir
hunn awer och mam Mirka iwwer seng italienesch Wuerzele geschwat.
Boulderen, Yoga a Mermaiding waren aner Gespréichsthemen, sou wéi
Zolwer, d'Uertschaft an där d'Mirka doheem ass.


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: