Episod 21: Robyn Wehles X Minett Park Fond-de-Gras

Episod 21: Robyn Wehles X Minett Park Fond-de-Gras

40 Minuten

Beschreibung

vor 3 Monaten

Kontaktéiert eis


Lieweg Industriegeschicht matten an der Natur


D’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der
Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser
(Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier,
déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken,
probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie
geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil an hirem Alldag fir den
Erhalt vun deem Patrimoine asetzen, dee charakteristesch fir eis
Regioun ass.


Dir sidd natierlech och an dësem Joer nees op dat häerzlechst
invitéiert eis Rees duerch de Süde vu Lëtzebuerg ze begleeden. Op
déi Manéier kënnt Dir eventuell nei Plazen entdecken oder
Detailer iwwert dës Plaze gewuer ginn, déi Dir esou nach net
kannt hutt.


Mam Choix vun eise Gäscht hoffe mir Iech, doriwwer eraus, och e
puer eenzegaarteg Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Süden an
der Grenzregioun méi no ze bréngen, déi sech all op hir Manéier
fir d’Industriekultur, mä och fir d’Zesummeliewen an den Erhalt
vun eisen aussergewéinleche Landschaften asetzen. 


Eis Minett Location vum Mount: De Minett Park
Fond-de-Gras


Fir de Januar-Episod vum “Minett Mash-Up” huele mer Iech mat an e
klengt Dall, wat net wäit vum Dräilännereck
Lëtzebuerg-Frankräich-Belsch un der Grenz tëscht de Gemengen
Déifferdeng a Péiteng läit. Et geet an de Fond-de-Gras.


Bal honnert Joer laang war dës Plaz am Südweste vu Lëtzebuerg ee
vun den Zentre vum Minett-Ofbau mat enger ganzer Rei verschiddene
Societéiten, déi hei Konzessiounen haten an d’Eisenäerz aus dem
Bierg geholl hunn. 1955 mécht déi lescht Galerie am Fond-de-Gras
zou.


Haut ass de Fond-de-Gras, zesumme mam Dierfche Lasauvage, de
Minett Park, en Open-Air-Musée an deem méi ewéi d’Erënnerung un
eis Mineuren a Galerien um Liewe gehale gëtt. Mam Train1900 an
der Minièresbunn Doihl sinn direkt zwee Eisebunnsveräiner am Dall
doheem, déi historescht Material restauréieren an engem breede
Publikum zougänglech maachen.


Donieft gehéieren awer och den Tëtelbierg, eng vun de wichtegste
keltesche Stied a pre-réimescher Zäit an de Giele Botter, e
fréiert Dagebaugebitt, wat haut zu de Kärzone vun der Minett
UNESCO Biosphere gehéiert zum Minett Park.


Eise Gaascht: Robyn Wehles


Zënter engem gudde Joer ass d‘Robyn Wehles, wat 2014 am Kader vu
sengem Studium en éischte Stage am Fond-de-Gras gemaach hat an
zënter 2016 zur Ekipp vum Minett Park gehéiert huet, elo
Directrice vun dëser aussergewéinlecher Plaz.


Mam Robyn beliichte mer, an der Wanterpaus vum Minett Park, dee
seng Aktivitéite fir de Public vum 1. Mee bis Enn September
organiséiert, d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft vum
Minett Park. Mir gi gewuer firwat d’Robyn am déiwe Minett gelant
ass. Mir kréien éischt Detailer an de Programm vun der Saison
2024 an dir gitt gewuer, wéi d’Robyn et fäerdeg bréngt seng
Aarbecht a säi Privatliewe mateneen ze kombinéieren.


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: