Held & Retter Archiv
26 Episoden
57 Minuten
Versteet ChatGPT, wat et seet? An dëser Episod schwätze Gilles a Lukas iwwer kënschtlech Intelligenz, oder besser gesot iwwer „Sproochmaschinnen“. Vum Alan Turing a sengem Test geet et iwwer dem John Searle säi „chinesescht Zëmmer“ bis bei d’Fro, ob et nach Sënn mécht, mënschlech a maschinell Intelligenz ze trennen. Dobäi geet et ëm Stereotyppen, déi KI reproduzéiert, ëm d’Homogeniséierung vun eisem Weltbild an ëm d’„Privatiséierung vum Denken“ duerch d’Konzerner aus dem Silicon Valley. A wa Maschinnen eis d’Aarbecht ofhuelen, wat maache mir dann mat der Zäit, déi mir gewannen?
59 Minuten
No enger vil lze laanger Paus sinn mir erem met engem aktuellen Sujet do: den Handyverbot am Lycée. De Gilles ass net begeeschtert vun der Iddi vum digitale Verzicht, de Lukas analyséiert gewinnt kritesch d'Logik vun de Verbueter. Schnell geet et ëm méi wéi just TikTok-Entzug: Ass Verzicht de richtege Wee fir méi Fräiheet? An wat ee gewënnt, wann ee "Nee" seet?
1 Stunde 5 Minuten
Mol eppes aneres: De Gilles an de Lukas beäntweren d'Froe vun de Schüler a verléieren sech an de ganz grousse Froe vum Liewen. Vun egoisteschem Gléck iwwer de Stress mat den Elteren bis hin zu der Fro, ob ee léiwen kann, wann ee selwer ni geléift gouf. Wat prägend Filmer an Idole mat deem Ganze ze dinn hunn, gitt der natierlech och gewuer.
52 Minuten
Mol eppes ganz neies: De Gilles a Lukas diskutéieren iwwer d'neit Buch vum Philosophe Markus Gabriel "Gutes Tun. Wie der ethische Kapitalismus die Demokratie retten kann" a schwätzen doriwwer. De Gilles ass begeeschtert (obwuel hien d'Buch net ganz gelies huet), de Lukas ass méi kritesch (well hien d'Buch ganz gelies huet) a schnell geet et ëm méi wéi Demokratie a ethesch Kapitalismus. Wat dat eigentlech si soll a wéi mer en ëmsetze kenne gitt een natierlech trotzdeem gewuer.
54 Minuten
De Lukas fascht a de Gilles drénkt Béier. De Gilles freet de Lukas, firwat hien fascht. De Lukas äntwert mat allerlee Philosopheschem. De Gilles ass net richtegt iwwerzeegt, äntwert awer och sengersäits mat allerlee Philosopheschem. Am Enn huet de Gilles méi Béier gedronk wéi de Lukas. A doriwwer ass de Lukas dann dach e bëssen traureg
1 Stunde 6 Minuten
Gilles und Lukas sprechen über ein Thema, das Lukas interessiert und Gilles nicht mehr betrifft, nämlich die Jugend. Es geht um die Frage, warum Sokrates eigentlich die Jugend verderben wollte, warum Jugendliche heute oft rechts wählen, was Jugend eigentlich ausmacht und ob eine Wehrpflicht noch zeitgemäß ist. Letztlich geht es um die Frage, welche Rolle die Jugendlichen in unserer Gesellschaft spielen sollen, wollen und können.
58 Minuten
Papp - Mamm - Kand: dat ass d'helleg Dräifaltegkeet vun enger Gesellschaft, déi d'Famill als Ideal gesat huet. Mä ass d'Famill wierklech en Ideal, op dat ee solle ustriewen? Ass d'Famill net och eng Plaz vun Ongerechtegkeet an Onfräiheet? Eng Famill kann ee bekanntlech net eraussichen – mä firwat eigentlech net? Sollt een d'Famill vläicht komplett ofschafen an aner Forme vun Verwandtschaft erfannen? Mir schwätzen iwwer all dës Froen, tëscht Kritik an Utopie.
1 Stunde 2 Minuten
An dëser ganz besonnescher Folleg probéiere mer mat Geschichten a Mythen ze "philosophéieren". Dobäi huele mer bekannten a manner bekannte Geschichten déi mer als Ausgangsbasis huele fir iwwert verschidden Thematiken déi an der Geschicht virkommen nozedenken an ze kucke wat mir doraus fir ons kënnen erauszéien. D'Iddi ass, "d'Weisheit" vun aalen Mythen och nach haut kann interessant a mir villäicht souguer eppes aus deenen ale Geschichte kenne léieren.
55 Minuten
Selbstoptiméierung, well de Lukas midd ass an hien dat wëll änneren. De Gilles versicht ze hellefen an spannt dofir de Bou ganz wäit: vun Drogen a Biohacking iwwer Bodybuilding an Apple Watch bis hin zu Mental Health a Seelenupload. Et ass vill dobäi, eppes just Science-Fiction, aneres scho Realitéit. An hannert all deem d’Fro: Firwat wëlle mir Mënschen eis selwer optiméieren? A wéini ass dat Optimum erreecht? An wärt de Lukas irgendswann eng keier net midd sinn?
60 Minuten
Podcast Held & Retter: Episod 17 - Oppe Froen 2 by Held&Retter
1 Stunde 2 Minuten
Podcast Held & Retter: Episode 16 - Zait by Held&Retter
60 Minuten
Podcast Held & Retter: Episode 15 Dankbarkeet a Chrëschtdag by Held&Retter
58 Minuten
Episod 14: Kannerfroen «Wisou ass dat esou?» Jiddereen den schonn eng Kéier mat engem Kand diskutéiert huet, weess, dass Kanner gären wëllen wëssen, wisou di Saache esou sinn, wéi se sinn. Leider gewannen mir eis dësen Reflex méi of, wat mir méi al ginn. Kanner sinn kleng PhilosophInnen. An dëser Episod huelen mir hir Froen eescht an versichen, Äntwerten ze fannen. Wat guer net esou liicht ass…
1 Stunde 6 Minuten
Episod 13: Alkohol Alkohol ass keng Léisung, keen Alkohol ass awer och keng Léisung, an souwisou in Vino Veritas an doriwwer hinaus mécht d’Dosis dat Gëft. Wisou drénken mir Alkohol, ass sech bedrénken eng Kulturtechnik, wei een zivilisatorischen an anti-zivilisatoreschen Potentiel huet den Alkohol an drénkt een besser eleng oder zesummen? De Béier vun der Episod war iwwregens eng Omer, ee blonden belschen Staarkbeier. Passt!
1 Stunde 2 Minuten
An dëser Episod zum Thema "Aarbecht" seet den Gilles allerlee zur griichescher Mythologie (as usual), de Lukas ass net preparéiert an freestylt (as usual), de Philippe well eppes soen, seet awer näischt (as usual) an de Charlie chillt (as usual). D'Aarbecht gëtt trotzdeem gemaach, business as usual! Béier vun der Episode ass eng Saison Dupont (exzellent).