Episod 11: Maxime Weber X Parc Merveilleux

Episod 11: Maxime Weber X Parc Merveilleux

40 Minuten

Beschreibung

vor 1 Jahr

Kontaktéiert eis


"Et war esou ëm d’Päischten, ‘t stoung alles an der Bléi, an
d’Villercher di songen hir Lidder spéit a fréi.", esou geet dem
Michel Rodange säi "Renert" un, deen hien 1872 publizéiert huet.
Dësen ass e wichtegt Element am neien Episod vun eisem Minett
Mash-Up, mä bis Päischte wollte mer awer net waarden, fir mat
eisem Gaascht Statioun zu Beetebuerg ze maachen.  


De Renert war ee vun de Sujete bei eiser drëtter Statioun fir
d’Joer 2023, mä et goung méi riets iwwer eisem Gaascht säi Buch
"Das Gangrän", aktuell Tendenzen an der Literatur, ëm Zillen, déi
féier zu Beetebuerg produzéiert goufen an och ëm Kannerbicher,
Natur a Legenden. 


De Maxime Weber ass als Useldenger sécher kee Minettsdapp an awer
huet hien sech als Auteur an der Gemeng un der Uelzecht
lancéiert. Nodeems hien et 2015, bei der alleréischter Editioun
vum Prix Laurence, dem Literaturpräis fir Nowuesschrëftsteller zu
Beetebuerg, an d’Final gepackt hat, konnt hien de Prix Laurence
dat Joer duerno gewannen. 


Doropshin huet de Maxime säin Debut-Roman „Das
Gangrän“ geschriwwen, deen 2021 erauskomm ass. Iwwert de Roman
geet natierlech riets. Mam Maxime, deen zu München a Berlin
studéiert huet, hu mer iwwert seng Walheemecht Berlin geschwat,
iwwer aktuell Tendenzen an der Literatur a virun allem bei
Reeditioune vun eelere Bicher an och iwwert d'Kabaische vum
Beetebuerger Park, déi enk mam "Renert" verbonnen ass. 


Schlussendlech waren och "speculative fiction" a "science
fiction" e Sujet an eisem Gespréich an do kënnt Dir ënnert anerem
gewuer ginn, datt e Lëtzebuerger als "Papp" vun der "science
fiction" kann ugesi ginn.   


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: