Episod 13: Nickie Lippert & Laura Hurst X Bieles-Réideng

Episod 13: Nickie Lippert & Laura Hurst X Bieles-Réideng

48 Minuten

Beschreibung

vor 1 Jahr

Kontaktéiert eis


Nodeems mer fir de véierten Episod vun dësem Joer Statioun am
Dall vun der wëller Fra gemaach hunn, si mer fir de fënneften
Episod an engem weideren exzeptionellen Dall vum Minett. Dës
Kéier si mer an der "belle vallée", dem schéinen Dall, wat och
nach Bel-Val genannt gëtt, gelant, duerch deen de Minett Trail
natierlech och geet. Net wäit ewech vun der Gare Belval-Rédange
steet d’Kabaische vun der Gemeng Suessem.


Dës nei Konstruktioun zu Bieles ass déi gréisst vun all de
Kabaisercher um Minett Trail a war, eventuell dee falsche Choix
fir en Episod mam Sujet „Tiny Houses“ opzehuelen, well eleng an
den Openthaltsraum vun dëser Kabaische géif e ganzt Tiny House
passen.

Zënter enger Rei Jore gëtt et hei zu Lëtzebuerg eng Associatioun
(Tiny House Community Luxembourg), déi sech duerfir asetzt, der
Wunnform vum Tiny House eng legal Basis ze ginn. Eng Fuerderung
där se virun e puer Wochen däitlech méi no komm sinn, wéi den
Inneministère e „Guide de mise en oeuvre“ fir Tiny Houses
publizéiert huet, deen de Gemenge Richtlinne gëtt, wa se dës Form
vu Wunnen op hirem Territoire wëllen erlaben. 

De Guide fir d‘Gemengen, d’Iddi hannert dem Liewen an engem Tiny
House an d’Schwieregkeeten, déi et zu Lëtzebuerg nach gëtt an
d’Konzept vun engem Tiny Houses Village sinn eis Sujeten am
Gespréich mam Nickie Lippert, der Presidentin vun der Tiny House
Community Luxembourg, déi hiert butzegt Doheem am Gaart vun hiren
Eltere stoen huet, an dem Laura Hurst, enger Amerikanerin zu
Lëtzebuerg, déi sech zum Zil gesat huet nach virun Enn vum Joer
an engem Tiny House ze wunnen. 


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: