Episod 15: Mahmoud Hashoush X Minett Biosphere Youth Forum

Episod 15: Mahmoud Hashoush X Minett Biosphere Youth Forum

39 Minuten

Beschreibung

vor 10 Monaten

Kontaktéiert eis


Dësen Episod vum Minett Mash-Up danzt e bëssen aus der Rei. Mer
sinn ausnamsweis net um Minett Trail ënnerwee, mä maache Statioun
um Minett Biosphere Youth Forum, dee vum 12. bis de 16. Juli am
Naturschutzzentrum Ellergronn organiséiert gouf. Bei dësem
Jugendforum ass et drëms gaangen, datt déi knapp 20 Participanten
aus 5 europäesche Länner gemeinsam eng Sensibiliséierungscampagne
fir de Schutz vun de Kärzone vun eisem Biosphärenreservat
auszeschaffen.

Eise Gaascht: Mahmoud Hashoush

Als Gespréichspartner hu mir fir dësen Episod de Mahmoud Hashoush
ausgewielt. De Mahmoud kënnt aus dem Libanon a war 2022 bei der
éischter Editioun vum Minett Biosphere Youth Forum als
Participant dobäi.

Nëmmen e puer Méint drop ass hie fir e Stage vu 6 Méint an eist
Biosphärereservat komm an dëst Joer war hien an enger hybrider
Roll bei der zweeter Editioun vum Jugendforum dobäi. Engersäits
huet hien aktiv um Design vun der Sensibiliséierungscampagne
matgeschafft, mä hien hat awer och en Atelier iwwer „Ecosystem
services“ gehalen.

D’Konzept vun den Déngschtleeschtungen, déi Ökosystemer eis bidde
kënnen ass den Haaptsujet vun eisem Gespréich mam Mahmoud, mä och
seng Liewensrees duerch ewell 5 Länner op 3 Kontinenter sinn e
Sujet vum 15. Episod vun eisem Podcast.

Nom Gespréich mam Mahmoud léiert dir awer och nach zwou wieder
Participanteë vum Jugendforum, déi mer no hiren Impressioune vun
der Minett UNESCO Biosphere gefrot hunn.

De Minett Biosphere Youth Forum gouf ënnerstëtzt vun der André
Losch Fondation, Erasmus+, der UNESCO Kommissioun Lëtzebuerg, der
ANF an dem Ministère de l'Énergie et de l'Aménagement du
Territoire.

Méi Detailler a Biller: https://bit.ly/mmu_season2


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: