Episod 17: Michel Gira X Floater (Diddeleng)

Episod 17: Michel Gira X Floater (Diddeleng)

42 Minuten

Beschreibung

vor 8 Monaten

Kontaktéiert eis


Op eiser Rees iwwert de Minett Trail maache mir dës Kéier
Statioun zu Diddeleng. D'Kabaische Floater um Waasserbaseng vun
der fréierer Diddelenger Schmelz war déi éischt Kabaischen, déi
ageweit gouf an ass eleng vun hirer Location hier eng vun de
spektakuläersten. Spektakulär gëtt och de Chantier, deen an den
nächste Joren um Site vun der fréierer Schmelz wäert sinn. De
Fonds de Logement amenagéiert hei mam Projet "Nei Schmelz" op
ronn 33 Hektar 1600 Logementer fir iwwer 3000 nei Awunner.

Diddeleng kritt e komplett neie Quartier an
d'Sanéierungsaarbechten um Site wäerten elo am Oktober no an no
ulafen. Bis 2028 sollen éischt Wunnengen am neie Quartier fäerdeg
sinn an de südleche Wupp vun Diddeleng en neit Gesiicht kritt
hunn.

Eise Gaascht: Michel Gira

Eisen Invité dëse Mount ass zoustänneg fir d'Koordinatioun vun de
grousse Projeten, déi de Fonds du Logement an den nächste Jore
realiséiert. Dat ass engersäits de Projet „Nei Schmelz“ an
anerersäits de Projet "Wunne mat der Wolz" am Norde vu
Lëtzebuerg.

De Michel Gira verréit eis am Gespréich méi iwwert seng deeglech
Aarbecht, stellt eis den ambitiéisen Developpementsprojet zu
Diddeleng vir a gëtt eis e klengen Abléck an déi ökologesch
Aspekter, déi beim Baue vun dësem neie Quartier berücksichtegt
ginn. Donieft hu mer mam Michel Gira awer och iwwert seng
Passioun Handball geschwat an eng al Diddelenger Legend ass och
thematiséiert ginn. 


De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett
UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture
Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht).

Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an
Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts
fannt dir op:
https://bit.ly/mmu_season2

Followed eis op Instagram

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: