KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg

KulturPur – De Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg

Episoden

KulturPur – Am Gespréich mam Steve Gerges – Part 2
An éiser leschter Emissioun hun mir mam Motion Designer Steve Gerges iwwert seng Ufäng als Visual Jockey an seng Fascinatioun vum Universum geschwat. Wéi dem Steve séin Alldag am Coworking Space Bamhaus ausgeséit a wat
KulturPur – Am Gespréich mam Steve Gerges – Part 1
Vun engem improviséierten Optrëtt als Visual Jockey am Atelier, iwwert d’Matwierken an der Elektro Band Artaban a Video Mapping fir Visual Delight, fir de Motion Designer Steve Gerges ass kee Challenge grouss genuch wann et em Digital Konscht
KulturPur – Am Gespréich mam Valérie Reding – Part 2
Hallo a wëllkomm zréck béi KulturPur, dem Podcast fir en aneren Abléck an d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg. An eiser leschter Emissioun mat der interdisziplinärer Kënschtlerin Valérie Reding hun mir iwwert Muechtstrukturen, Sexualitéit, Theater Performance...
KulturPur – Am Gespréich mam Valérie Reding – Part 1
Vun engem ofgebrachenen Architekturstudium op der ETH op d’Büne vum Tanzhaus Zürich. Dem Valérie Reding séin Parcours ass alles anescht wéi langweileg. Op Danz, Fotografie, Make-Up oder Drag Performance, der jonker Lëtzbeuergerin hier multimedial Aar...
KulturPur – Am Gespréich mam Tania Soubry – Part 2
An der leschter Episode huet eis déi lëtzebuergesch Dänzerin Tania Soubry erkläert wéi hatt Theme wéi Human Consciousness, Inner Peace a Vibrant Matter a sengem Schaffe verkierpert a mat senge Performancen op politesch an ekologesch Problematike well...

Über diesen Podcast

Wat leeft zu Lëtzebuerg an der Konschtzeen? Wien verstoppt sech hannert de Wandmolereien zu Koler? An wat mécht e Maskebildner op engem Filmset an eisem klenge Land? All dëst a villes méi gitt dir béi KulturPur, dem néie Podcast fir all Kultur Virwëtzegen, gewuer. Zwee Mol de Mount stelle mir iech en Acteur aus dem kulturelle Milieu vir a kucke fir iech hannert Kulissen. Wéini: All 2 Wochen, Méindes vun 18h-18h30 am Bistrot a Mëttwochsvu 14h-15h am Graffiti (Rediffusioun) Wou: Op Spotify, iTunes, dem Podcast Site vum Radio ARA an op Culture.lu Méi Informatiounen zu all eisen Invitéë fannt dir an de Shownotes op Culture.lu an op eiser Facebook oder Instagram Säit. KulturPur ass e Podcast vu Culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. D\'Emissiounesinn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch. Eis Illustratioune si vum Irina Moons.

Kommentare (0)

Lade Inhalte...

Abonnenten

15
15
:
: